Current Member

Category: COMMUNITY & INTEGRATION, EDUCATION

Étudiants luxembourgeois en Sciences de l’Information et de la Communication a.s.b.l.

Den ELSIC vertrëtt all d’Lëtzebuerger Studenten am Beräich vun der Kommunikatioun: Journalismus, Kommunikatiounsdesign, Relations Publiques, Marketing asw. :D

Eist Zil ass et een Netzwierk tëscht Studenten, Ancienen a berufflech aktive Leit aus deene Beräicher opzebauen. Den ELSIC erméiglecht de Studenten en Erfahrungsaustausch, mee och zukünfteg Relatiounen opzebauen. Dëst gëtt eise Memberen d’Méiglechkeet och fir spéider potenziell Beruffspartner kennenzeléieren, a Kontakter ze knäppen.

Ganz egal WOU an WATS du am Beräich Kommunikatioun studéiers, ob als Member oder aktiv am Comité, sief dobäi, wann mir all zesummen een hëppen, mat Professionellen zesummen brunchen oder jonk Leit iwwert Kommunikatioun opklären…! :)